
Onerwënscht, mee batter néideg.
Moien, ech sinn d Andreia, och gearen Cookie genannt oder elo Onkraut.
Ech profitéieren all dag vun eiser Kultur an deenen Leit déi eppes dozou bäidroen, hunn vill ze vill Meenungen an fannen mech relativ Witzeg.
Ëmmer rëm hunn ech mech opgereegt dass d Land esou leeft wei et leeft, elo ass domat Schluss ech droen mäin deel dozou bäi.
Hunn mech Informéiert weivil Vilfalt un Content vun eiser Jugend an d Welt geschmass ged an net genuch Opmierksamkeet krit.
Op mengem Blog fannt dir all méiglech positiv Saachen déi eis an déi nächst Generatioun all dag op den dësch bréngen.
Duerch mäin Zougrëff op Equipement, Locations an Professionell Connections kann ech Iech Servicer ubidden wann dir selwer d Skills oder d Material net hutt.
Eng Plattform fir Är Konscht bidden ech Iech ëmmer Gratis.
Meng Kritik un sou zimmlech alles fannt dir ënnert: Meenungen no der Keen gefrot huet.
Ech sinn fir Iech do, oppen fir Diskussiounen an Fazineiert vun Jidderengem deen den Aarsch opkrit also Schreif mech roueg un.
Disclaimer:
Dessen Blog ged vun Boomer treinen an 5G um Liewen gehalen.